CopyRecht

Well Biller di kee grousst © Zeechen drop hunn, oder mat soss Waasserzeeche versaat sinn, einfach mi schéin sinn, hu mir eis entschloss all d’Biller vum Charles Kohl senger Konscht op charleskohl.com ganz “onverschampléiert” ze weisen. Respektéiert wgl. de © Copyright Charles Kohl et héritiers deen de facto e de jure op allen 5451 Biller vum Site charleskohl.com besteet (di Handvoll Ausnahme si markéiert).

Mir erlaben ausschliesslech de private Gebrauch vun onse Biller, a vertrauen drop dass d’Benotzer vun eisem Site eis Biller zu reng privaten Zwecker gebrauchen. Dat heescht z.B. dass Dir dëse Site ukucke kënnt, dass Dir och dëss Biller fir äre *perséinleche* Gebrauch däerft ausdrécken an z.B. un är *perséinléch* Mauer hänken, mä all Copéieren vun onse Biller ausserhalb vun onserem Website, net op äre perséinleche Computer z.B. -an dat begräift Posten op facebook oder anere soziale Medien- ass kee perséinleche Gebrauch méi, a benéidegt eng Lizenz.

Ween iergendwelleche net perséinlechen oder kommerzielle Gebrauch vun onse Biller considéréiert, wennt sech wgl. per email un: “license [at] charleskohl.com”, oder fëllt de Formulaire heirënner aus. Mir si gär gewollt Iech eis Biller -och zu onperséinlechen Zwecker- soit gratis, soit en contrevaleur vun engem Don un e gudd Wierk, zur Verfügung ze stellen, mä meld’ Iech w.e.g. am viraus!

Mir wëlle kee Profit aus dëse Biller/dësem Site zéihen, mä e juristesche Sträit vermeiden ass nach besser wi een ze gewannen.

Merci fier Äert Verständnis.

Famill Kohl
Januar 2020

 

 


 

CopyRecht Ufroo